Mobil Appen

Déi offiziell Kaarten-App vum Lëtzebuerger nationale Geoportal, entwéckelt vun der Administration du Cadastre et de la Topographie (ACT).

Si ass disponibel fir  mobil Browseren , an zwar gëtt et eng Versioun fir iOS an eng fir Android .

ios_fr.png gp_fr.png

screen568x568 (1).jpeg screen568x568 (2).jpeg

Mat dëser App kënnt Dir mat Ärem mobilen Apparat topographesch Kaarten, Loftbiller an Kadasterparzellen kucken, genau sou wéi vill aner interessant Daten iwwert Lëtzebuerg.

Ënnert de Funktioune fannt Dir:

  • Eng Sich no Uertsnimm, Flouernimm, Parzellennummeren, Koordinaten, Adressen an sou weider
  • Wiel zwëschen méi wéi 100 verschidden Datelayeren (wéi op der statescher Website vum Geoportal)
  • Eng Share-Funktioun fir Är Kaart mat Bekannten ze delen
  • Eng Méiglechkeet fir Kaarten erof ze lueden an se offline ze gebrauchen
  • Eng Hellewull vun Wander- oder Velosweeër
  • Héichteprofilberechnung
  • Eng Funktioun fir Punkten an der Kaart ze creéieren (POIen) mat Hëllef vum GPS-Empfänger vum Apparat (z.B. fir Geocaching)
  • Export vun GPX/KML Fichieren

Offline Funktionalitéit

Mat dëser App kënnt Dir fir eng bestëmmten, vun Iech festgeluegten, Zon déi entspriechend Daten eroflueden an ofspäicheren. Wann Dir dann offline sitt, z.B. wann Dir ënnerwee sitt an keen Netz kënnt empfänken, kënnt Dir des gespeichert Daten benotzen an der App. Et kann een also vun engem Wi-Fi Zougang doheem oder am Hotel profitéieren fir sech déi Daten ze besuergen ouni extra Käschten, déi een bei der Wanderung wëll benotzen.