Challenge-4

Challenge 4 - 26/03/2020

Wéi vill Heiser/Gebaier goufen ët 1778 zu Sandweiler?

Kategorie

Topographesch Recherche

Challenge:

Imagechallenge.png

Déi eelste Kaart um Geoportail.lu ass d’Kaart vum Ferrraris aus dem Joer 1778. Deemools huet Lëtzebuerg nach ganz aneschters ausgesinn. Et war haaptsächlech ee Bauerestaat, an sou hunn och d’Dierfer ausgesinn.

Probéiert mol am Geoportail d‘Ferrraris Kaart mat dem Loftbild ze vergläichen. Kuckt iech mol d’Duerf Sandweiler méi genau un, wéi vill Gebaier goufen et 1778 zu Sandweiler? Wat schätzt dir da wéi vill Gebaier ginn et haut zu Sandweiler?

Hint 1 :

Intro_Ferraris.gif

D’Kaart vum Ferrais fann dir um Geoportail.lu am Thema Allgemeng -> Basis Daten -> topografesch Kaarten -> historesch topografesch Kaarten -> Ferraris Kaart 1:20k 1778. Oder siicht no „Ferraris“ am Sichfeld.

Op der Kaart vum Ferraris sinn d’Haiser mat roude Rechtecker duergestallt. Zoom no un Sandweiler erun, an da kann een d’Gebaier zielen.

Sou eng al Kaart ass eng flott Geleeënheet sech d’Entwécklung vun den Stied un ze kucken. D’Staat Lëtzebuerg ass jo bekannt wéinst hiren Festungsmaueren, mee aner Stied sinn och flott ze vergläichen. Wéi hunn d’Dierfer an d’Stied am Minett deemools ausgesinn? Oder Veianen?

Opléisung :

Op der Kaart vun 1778 goufen et zu Sandweiler 26 Gebaier. Dat Dierfchen huet natierlech net méi vill mat deen Duerf vun haut ze dinn.

D’Entwécklung vun den Dierfer / Stied huet ganz oft mat der Zäit ze dinn, wou se entstane sinn. Gréisser Dierfer/Stied am Minett sinn réischt ganz spéit an der Geschicht entstanen resp. grouss ginn. Haaptsächlech wéi sech am Minett d'Stolindustrie etabléiert huet. 1778 gouf et do nach net vill ausser Felder an Bëscher. Ob der anerer Säit, gehéiert Veianen zu den eelsten Stied am Land, deemools koum et méi op den politesch Afloss un wéi op d’Gréisst fir sech Staat däerfen ze nennen. Veianen haat och nie eng gréisser industriell Entwécklung sou dass d'Staat Veianen haut bal genau sou grouss ass wéi se et 1778 war.

Wéini aus engem Duerf eng Staat gëtt definéiert sech an villen Länner duerch hir Gréisst (Unzuel vun Awunner), bei eis zu Lëtzebuerg gëtt et keng sou eng Definitioun. Eis 12 Stied am Land hunn sech historesch entwéckelt an kruten iergendwann an der Geschicht d'Recht zougesprach sech "Staat" däerfen ze nennen. Eng Staat hat zu dem Zäitpunkt méi Rechter wéi Dierfer, mee dorops ginn mir lo hei net an, dat huet näischt mat Kaarten ze dinn ;-).

Sou gesitt dir, och op alen Kaarten kann een Neies entdecken.