Accessibilitéit

Accessibilitéitserklärung

D'Organ "Administration du Cadastre et de la Topographie (geoportail.lu)" verflicht sech dozou säin Internetsite accessibel ze maachen, konform zum Gesetz vum 28. Mee 2019 iwwert d’Accessibilitéit vu Websäiten a mobillen Appe vun Organer aus dem ëffentleche Secteur. Dës Accessibilitéitserklärung betrëfft: www.geoportail.lu

Wat ass d'digital Accessibilitéit?

Jidderee muss déi op enger Websäit oder Applikatioun ugewisen Informatiounen einfach ofruffe kënnen, besonnesch Persoune mat enger Behënnerung an/oder déi een Assistenz-Software oder spezialiséiert Material (blann Persounen, schiel Persounen oder mat engem aneren Handicap) benotzen.

Konformitéitsstatut

De folgenden Internetsite ass net net konform mat der europäescher Norm EN 301 549 sou wéi dem allgemenge Referenzsystem zur Verbesserung vun der Accessibilitéit (Référentiel général d’amélioration de l’accessibilité - RGAA) v4. D'Grënn dofir sinn heirënner opgelëscht.

Net-accessibele Contenu

De folgende Contenu ass net accessibel aus folgende Grënn:

Net konform mam RGAA 4

  • D’Sprooch vum Inhalt ass netrichteg am HTML-Code uginn
  • Et gëtt keen Vermeidungslink
  • D’Menuer sinn netum Clavier accessibel
  • D’Faarfkontrasterrespektéieren d’Accessibilitéitsregelen net
  • Et geet Contenu verluer, wann d’Gréisst vum Text iwwer 200% ass
  • De Contenu ass netrichteg strukturéiert mat den html h1, h2, hx Tags
  • Dat alternatiivtBildfeld ass netausgefëllt
  • Et ass netuginn, wann e Link an enger anerer Fënster opgeet
  • Den Titel vun der Säit entsprécht netder Rubrik an där een se sech befënnt
  • D’Sichfunktioun ass netaccessibel
  • Et gëtt keen Säitenverzeechnes
  • An de Formulairen sinn déi obligatoresch Felder netuginn

Virbereedung vun der folgender Accessibilitéitserklärung

Déi folgend Erklärung gouf den 17.11.2020 erstallt. D'Angaben an dëser Erklärung si korrekt a baséieren op enger effektiver Konformitéitsbewärtung vu folgendem Internetsite mat den am RGAA 4 fixéierten Ufuerderungen, wéi eng Eegen-Evaluatioun vum Organ "Administration du Cadastre et de la Topographie (geoportail.lu)".

Feedback a Kontakt

Sollt Dir e Problem am Bezuch mat der Accessibilitéit feststellen, biede mir Iech eis eng E-Mail un support@geoportail.lu ze schécken: beschreift eis de Problem sou wéi déi concernéiert Internetsäit. Mir verflichten eis dozou, Iech bannent engem Mount z'äntweren. Fir de Problem laangfristeg ze léisen, gëtt d'Online-Verbesserung vum Problem a Relatioun mat der Accessibilitéit favoriséiert. Sollt dëst net méiglech sinn, gëtt Iech déi gewënschten Informatioun op Wonsch an engem accessibele Format geschéckt:

  • schrëftlech an engem Dokument oder per E-Mail;
  • mëndlech an engem Gespréich oder per Telefon.

Prozeduren zum Sécherstellen vum Anhalen vun den Dispositiounen

Am Fall wou d'Äntwert net zefriddestellend ass, hutt Dir och d'Méiglechkeet den Informatiouns- a Pressedéngscht (Service information et presse), dee fir d'Kontroll vun der Accessibilitéit zoustänneg ass, iwwert den Online-Formulaire fir Reklamatiounen, oder den Ombudsmann, Mediateur vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, doriwwer z'informéieren.


Dës Erklärung baséiert op deem an der der Implementéierungsdecisioun (EU) 2018/1523 definéiertem Virlag-Dokument. Dës Virlag ass © Europäesch Unioun, 1998-2020 a steet ënnert enger Creative Commons Attribution 4.0 International Lizenz.