Mesurageplang bestellen

Fir ze kucken ob Vermoossungspläng fir eng bestëmmte Parzell existéieren, oder fir se eventuell ze bestellen, gitt w.e.g. an den

Loggt Iech an mat Ärem Geoportal-Benotzernumm an dem entspriechenden Passwuert. Wann Dir nach keen Benotzerkonto beim Geoportal hutt, dann kënnt Dir hei och een opmaachen.

Dono kommt Dir an den Bestellprozess, wou Dir fir d'éischt d'Kategorie wielt ("Spezifescht Produkt") ....

... an de Produkt ("Kadastervermoossungsplang") :

Uschléissend kënnt déi 2. Etape am Prozess, wou Dir d'Moosserei musst erauswielen. Déi allgemeng Approche geet do iwwert d'Auswiel vun der betraffener Parzell (oder vu méi Parzellen). Dir kënnt z.B. am Sichfeld eng Adress aginn fir bei déi gesichte Parzell ze kommen an der Kaart:

Aktivéiert d'graphesch Selektioun mam Knäppchen uewe lénks a klickt op d'Parzell déi Iech interesséiert (oder zitt mat der Maus ee Rechteck iwwert méi Parzellen, wann et der vill sinn):

Dann sicht de Geoportal déi Vermoossungspläng déi fir déi selektionéiert Parzellen do sinn a weist se, mat hirem Dateformat an der Lëscht un. Dir kënnt dorausser een oder méi Pläng wielen duerch Duebelklick :

LB_shop_etape2d_select_mes_papier.png

Well et nitt garantéiert ass, dass eng Moosserei och Ärem Besoin gerecht gëtt (well z.B. eventuell nit all Grenzen oder Gebaier déi Iech interesséieren doranner enthale sinn), gëtt et eng "Preview-Funktion", bei däer Dir den Inhalt vum Plang vereinfacht ugewise kritt. Klickt dofir op den Plang mam rietse Mausknäppchen, a wielt "Preview".

Alternativ zur Sich vun de Moossereien iwwert hir Parzell / Adress, ass et och méiglech fir eng Moosserei direkt ze fannen mam Numm vun der ("Kadaster"-)Gemeng an der Moossereinummer. Dofir sinn op der lénkser Säit éige Felder virgesinn.

Wann Dir sou Är Pläng erausgewielt hutt, kënnt Dir mat der Bestellung weiderfueren mat deenen nächsten Etappen, sou wéi soss och am Geoportal-Shop.