AVIS COVID-19

Fonktionnement vum ACT a Geoportail wärend der COVID-19-Krise

No den Regierungsmoossnamen, di am Kader vun der Verhënnerung vum Ausbreeden vum COVID-19 getraff goufen, mussen bestëmmt Prezisiounen hisiichtlech der Funktiounsweis vun der Verwaltung gemaach ginn.

Fir den ufalenden Ufuerderungen an der Krise gerecht ze ginn, mussen bestëmmten Servicer vun der Verwaltung hiren Fonctionnement upassen. Sou sinn d'Guicheten net méi op, Reuniounen gi verréckelt an den Teletravail gëtt wou nëmme méiglech emgesaat.

Trotz all dësen Aschränkungen, passen d'Beamten dorobber ob, hire Flichten an Aufgaben vollstänneg Gerecht ze ginn.

Dohier, ass d‘Benotzen vum Geoportail, deen 24h ob 7 zur Verfügung steet, allgemeng recommandéiert fir Informatiounen ze kréien an Ufroen ze stellen.

Geoportail


Fir d‘Benotzer vum Geoportail sollten folgend Moossnamen a Betruecht gezunn ginn:

  • geoportail.lu ass permanent ze erreechen
  • D‘Consultéieren vum map.geoportail.lu, d‘Eroflueden an d‘Benotzen vun de Webservicer an de Katalogen sinn ëmmer méiglech
  • D'API an besonnesch d‘apiv3.geoportail.lu bleiwen och verfügbar

Wéi gewinnt steet Iech de Support vum geoportail.lu iwwert folgend Email Adress zur Verfügung: support@geoportail.lu

D'Infrastruktur, ob der all déi ugebueden Donnée baséieren, hänkt awer staark vun der Notzung vum regionalen Telefons- an Internet-Reseau (Festnetz an Mobilfunknetz) of. Opgrond vun der Belaaschtung, déi an dëser Zäit op de Netzwierker kann optrieden, kann den Zougrëff op map.geoportail.lu an seng Outilen zu bestëmmten Zäiten méi lues oder souguer ënnerbrach sinn.

Dir kennt d‘Verfügbarkeet vun eisen Déngschter zu all Moment op http://status.geoportail.lu iwwerpréiwen.

Sollt sech d‘Situatioun rondrem dem Zougrëff op https://geoportail.lu an de kommenden Deeg änneren, sou wäerten mir Iech iwwert déi sozial Netzwierker wei https://twitter.com/geoportail_lu,https://www.facebook.com/geoportail.lu/ an  https://status.geoportail.lu um Lafenden halen.


Merci fir äert Versteesdemech.